Sonntag, 27. April 2025

Wann ech näischt méi ze soen hunn ...


Wann ech näischt méi ze soen hunn,
da verstummen d'Wierder.
Wat bliwwen ass, ass dëst klengt Wiertchen "stumm",
dëst wat vun Dag zu Dag ëmmer méi laut schreit,
an awer näischt ze soen weess;
dëst klengt Wiertchen, dat Froen opléisst,
déi ëmmer méi séier a chaotesch am Kapp zirkuléieren
an awer keng Äntwert wësse.
Wann d'Wierder feelen,
bleift einfach just dëst klengt Wiertchen: "stumm."
Wéi chaotesch wier dës Welt,
wann all Mënschen op eemol verstummt wieren
a keng Wëssen hätt wourop ze soen.

(Ilka Berikhan)
Wenn ich nichts mehr zu sagen habe ...

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen