Heiansdo denken ech,
d'Liewen ass ze kuerz,
fir traureg ze sinn.
Heiansdo denken ech,
d'Liewen ass ze laang,
fir sech ëmmer drun ze freeën.
Heiansdo denken ech,
d'Liewen ass ze schéin,
fir d'Aen dofir zouzemaachen.
Heiansdo denken ech,
d'Liewen ass ze haart,
fir ëmmer optimistesch ze sinn.
Heiansdo denken ech,
dass ech sollte mengen,
d'Liewen ass genee richteg,
sou wéi et ass,
mat all senge faarwege Nuancen
a senge raue, déife Tëschekläng.
Da wier dat vill Denken
endlech eriwwer...
Mä heiansdo ass et gutt,
wann ech denken, wat ech denken,
a net dat,
wat ech sollte mengen.
Heiansdo denken ech...
(Ilka Berikhan)
Manchmal denke ich
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen