Sonntag, 27. April 2025

Dobaizugehéieren

Dobaizugehéieren schéngt mir wéi eng Schimmt!
Nirëns wëll ech einfach nëmmen dobäisin,
matlafen,
ausgetreppelt Weeër goen
ouni Saachen a Fro ze stellen,
wëll mech net verbéie loossen
a maachen, wat jiddereen mécht,
wëll mäi Liewen net verschwen­den
a kee sënnlosem Ziel nojagen,
wëll mech net opreegen, ëmmer déi Beschte si wëllen,
a Pokalen a Präisser sammelen,
wëll mir keng falsch Wierder an de Mond leeë loossen,
wëll mäi Verstand net beim Supermarché-Entrée ofginn.
Dobaizugehéieren schéngt mir wéi eng Schimmt!
Nirëns wëll ech einfach nëmmen dobäisin,
wëll meng eegen Iddien ëmsetzen,
Saachen a Fro stellen
an nei Weeër goen.
Dobaizugehéieren schéngt mir wéi eng Schimmt!

(Ilka Berikhan)
Dazugehören 

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen