Donnerstag, 15. Mai 2025

Donnerstag, 1. Mai 2025

Kand vun der Sehnsucht


Wann dës déif Wonn dech iwwerfëllt,
dat dech an ongeahnte Déift zitt,
dat dech taumelnd
den Dag duerchwandern léisst
grad wéi en Alkoholeschen,
dee säi Halt verluer huet
an an d'Waasserbächer gestierzt ass,
d'Knéi sech wunn geschloen,
an virun Schmerz an Trënen blann,
dee iwwer graue Steng gekroch ass
duerch fremd rout Erdbuedem,
dee gegleeft huet, dass hien ni an ni
den Wee zréck an d'sécher Heemecht fënnt -
Mäin Frënd, dann bass de och du
e Kand vun der Sehnsucht!

(© I. Berikhan)
Kind der Sehnsucht

E puer gesin ein ...


E puer gesin ein Problem.
Anerer gesin eng Chance.

(© I. Berikhan)
Manche sehen ein Problem ...

Di meescht Mënschen scheiteren un ...


Di meescht Mënschen
scheiteren un sech selwer,
well hir Liewensvisioun
net grouss genuch ass.

(© I. Berikhan)
Die meisten Menschen scheitern an ...

Mittwoch, 30. April 2025